Update-Faulheet iwwerwonnen!
August 23rd, 2008 by Administrator
Endlech kruut ech mech dozou iwwerwonnen mol rem hei epes ze updaten an ech hun lo mol d’Fotoën vun Lloret de Mar 2008 hei eropgelueden. Der fannt se ewei üblech riets bei den Gallerien.
Ech wollt an engems och d’Fotoën vun Amsterdam eroplueden, mee ech fannen se net mei erëm. Et beschleicht mech daat dommt Gefill, wei wann ech se aus Versehen gelöscht hätt, wei ech meng Späicherkaart vum Fotoapparat dozou benotzt haat, Homebrew op meng Wii ze hacken. Allerdéngs woor ech mer zimlech secher een Backup vum Contenu vun der Kaart gema ze hun - deen Backup hun ech och, mee d’Amsterdam-Fotoën sin komescherweis net dran. Ech wäert mol weiderkucken an hoffen, se rem ze fannen …
Alkohol mat 18 Meint
August 25th, 2008 by Administrator
Folgendes hun ech op n-tv.de opgegraff:
Montag, 25. August 2008
Seltsame Nachbarschaftshilfe
Kleinkind betrunken gemacht
Ein französischer Vater, der seinen kleinen Sohn wegen eines Notfalls beim Nachbarn lassen musste, hat sein Kind stockbetrunken wiederbekommen. Der Mann aus dem südfranzösischen Brignoles habe den 18 Monate alten Jungen nachts dem Nachbarn anvertraut, um seine Frau ins Krankenhaus zu fahren, teilte die Gendarmerie mit.
Als er das Kind am nächsten Morgen abgeholt habe, sei ihm ein merkwürdiges Verhalten und ein starker Alkoholgeruch aufgefallen. Ein Kinderarzt habe darauf zwei Gramm Alkohol pro Liter Blut bei dem Jungen festgestellt.
Auf Klage des Vaters wird der 30 Jahre alte Nachbar laut Polizei nun wegen gefährlicher Körperverletzung vor Gericht gestellt; zugetragen hat sich der Vorfall bereits im Januar.
Daat ass mol een Babysitter …
Ech hun rem ugefaang mat Skateboard fueren ... hun einfach gemengt daat misst mol rem sin. Lo sin ech eng gutt Woch amgaang an ech spieren schon een Progrès, waat zimlech cool assHaat ech dei eischt Deeg puer Problemer iwwerhaapt mol uerdentlech eng Funbox rop an erof ze fueren, sou hun ech et geschter - no puer Stierz - endlech fäerdegbruecht, eng grouss Ramp erofzefueren. Lo sin ech zimlech stolz
Natierlech hun ech mech net ouni Protections op dei Ramp getraut - Helm, Knéi- an Ielebouschoner souwei Handgelenkschutz wooren mat derbäi. Leiwer eng Keier zevill geschützt ewei eng Keier ze wéineg.
Een Ollie kann ech leider nach emmer net, mee do muss ech halt nach üben, üben an nach eng Keier üben. Waat ech och momentan um üben sin ass eng Ramp (am Moment na dei kleng vun der Funbox) eropzefueren an dann an der Mëtt em 180° ze dréinen.
Hoffentlech gin ech dei nächst Deeg nach besser ... waat ech am meeschten fäerten ass iirgendwann op een Punkt ze kommen, wou näischt mei wéidergeet. Mee et gett nach mei wei genuch ze léieren an ze üben, vun dohier ass dei Angscht wuel zimlech onbegrënnt.
Ech hun mer lo och mol na een neit Skateboard bestallt ... ech hoffen daat kennt haut un. Main aalt fiert zwar nach gutt, mee et gouf schon schein an Matleedenschaft gezunn an ech befierchten, dass et ma demnächst freckt.
Software-Update an neit Design September 1, 2008 at 15:38:49
Ech hun haut emol d’Blogsoftware aktualiseiert an dobäi och na een neit Design eropgelueden - ech hoffen et gefällt.
Am Forum hun mer een Xbox Live Topic, wou mer och eng Gamerscore-Ranglëscht féieren inklusive enger Forums-Gamercard. Dei Gamercard ass lo och hei um Blog ze fannen, an zwar riets no den Blog Microbuttons.
Desweideren sidd der natierlech emmer na häerzlech invitéiert, sech am Forum ze registreieren an matzeschreiwen
Et reent dobaussen, d’Fouer ass eriwwer, Allerhëllegen rëckt mei no … lues awer secher ass et net mei ze vermeiden, dass den Summer - deen dëst Joër leider net wierklech genialst woor - schon erem eriwwer ass an dei naas, kaal Zäiten rem ungin …
Kann een leider naischt dergeint maan, dofiir muss een alt probéieren daat bescht draus ze maan
Den Méinden fléien ech bis Fréiden Owend op Hamburg fiir bei enger Formatioun zum Thema “M2M Ethernet mit Schwerpunkt GPRS” matzemaan … sin mol gespaant waat ech do alles bäibruecht kréien. Gespaant sin ech och op Hamburg selwer, waat jo eng cool Staadt ass - bis lo woor ech leider emmer nemmen laanscht gefuer mee na nii wierklech an Hamburg selwer. Gëtt also spannend
Main néit Skateboard ass haut och verschéckt gin … wäert also den Méinden wuel ukommen - mee dank mengem Hamburg Trip wäert ech et wuel réischt Samstes kennen an meng Äerm schléissen
Kleeder maachen Leit - gëtt jiddefalls mol emmer rëm behaapt. Je no Outfit kann een serieux wierken oder verspillt, dynamësch oder konservativ. Mee wei wait trëfft daat wierklech op een zou? Waat, wann een beemol plaakëg ass? Wann ennert dem serieuxem Kostüm beemol een Intimpiercing herfierkuckt, wierkt een dann nach emmer sou serieux oder kritt een een ganzt aanert Bild vun däer Persoun?
Den Sebastian Kempa huet sech mat däer Fro beschäftegt an een Konschtproject op d’Been gestallt deen der ennert http://www.naked-people.de unsurfen kennt. Do gesait een fiir d’eischt eng Foto vun enger Persoun, dei ungedoën ass. Wann een dann op dei Foto klickt, gesäit een dei betreffend Persoun plaakëg. Sou kann jiddereen fiir sech selwer d’Wierkung vun enger bekleedeter an enger onbekleedeter Persoun ennersichen.
Fannen deen Site jiddefalls zimlech faszineierend - also surft eenmol laanscht.
Ween kennt et net? Vill Videospiller gin ungekënnegt, et gëtt vill versprach, et gin cool Biller … an iirgendwann verschwannen d’Spiller an der Versenkung an et heiert een nii mei eppes vun hinnen. D’Entwëckler gin Failitte, Projet’en gin aus verschiddensten Grënn gecancelt oder d’Spill gett einfach net daat waat se wollten - et gin vill Grënn, wisou verschidden Games nii d’Liicht vun der Welt erblécken.
Op Unseen 64 kann een sech zu villen Spiller, dei nii rauskomm sin, Biller an aaner Informatiounen ukucken. Dei Sammlung emschleisst eng ganz Rëtsch Generatiounen, vum Commodre 64 zum Super Nintendo bis hin zuer Xbox 360. Niewend nii releasten Spiller fennt een do awer och Material zu Beta-Versiounen vun Spiller, dei et op den Marché gepackt hun bzw. Saachen, dei am Programmcode dran sin, awer am fäerdegen Spill nii benotzt goufen.
Een ganz interessanten Site also fiir jiddfereen deen sech fiir Videospiller interesseiert - Retrofans dierft den Site besonnesch gefaalen well et vill Retromaterial gëtt.
Also surft eenmol laanscht op http://www.unseen64.net
Wei deen een oder aaneren vläit schon wees, hun ech am März ugefaang mech fiir Fotografie ze interesséieren an och schon mol mei an manner interessant Fotoën geschoss.
Een gudden Deel dofunner ass op mengem photogen.lu Profil ze fannen, aanerer op mengem deviantart.com Profil.
Ech hun lo och zwou vun mengen Fotoën als Desktophannergrënn fräigin (1920×1200), ween sou eng benotzen well kann daat also rouëg maan.
Ze fannen sin se ennert folgenden Links:
Terminus:
http://www.photogen.lu/image_view.php?t ... per&id=363
Freijoër:
http://www.photogen.lu/image_view.php?t ... per&id=362
Return to Kritik an Fiirschléi
Users browsing this forum: No registered users and 1 guest