ajo an hei GANZ intressant:
http://news.rtl.lu/news/national/61049.html
Internet: Bis 2020 Héichgeschwindegkeet fir jidereen
RTL - 09.03.2010, 11:55 - Fir d'lescht aktualiséiert: 09.03.2010, 13:28
Commentaire ofginn? Hei klicken!
Lëtzebuerg wëll spéitstens bis 2020 an der Formel-1 vum Breetband matfueren. Bis 2015 soll d’ganz Populatioun scho mat 100 Megabit/s versuergt sinn.
Lëtzebuerg huet schonn zwou grouss Internet-Autobunne mat enger héijer Vitesse am Breetband, déi och mat Glasfaser equipéiert sinn. Ma där Fiberleitunge brauche mer elo méi, seet d'Regierung.
De Wirtschaftsminister Jeannot Krecké an den Kommunikatiounsminister François Biltgen, hu sech duerfir d'Ziel gesat, di ganz Populatioun bis 2015 mat enger Stäerkt vun 100 Megabit/s ze versuergen.
Bis 2020 soll d’ganz Land mat Glasfaserleitunge mat enger Stäerkt vun engem Gigabit/s equipéiert sinn.
Mat enger Glasfaserleitung vun engem Gigabit brauch ee knapps eng hallef Sekonn fir 100 digital Fotoen erofzelueden. Mat ADSL mat 6 Megabit awer 7 Minutten.
An Zesummenaarbecht mat de Ponts&Chaussées a mat de Gemenge soll elo e Repertoire installéiert ginn, fir datt ee gesäit, wou Schantercher sinn, a wou kënnen zousätzlech Tubë fir esou Hightec-Leitunge matageluecht ginn.
Duerfir wëll de Staat och déi néideg Réier oder Tuben am Buedem finanzéieren, duerch déi da kënnen esou Verbindungen "de très haut débit" verluecht ginn a wou alleguerten d’Operateure mussen Zougank kréien.
D’Regierung huet e waarmen Appel un d’Post gemaach, fir sech dësem Plang voll z’engagéieren. Duerfir krut d’Entreprise och gréng Lut fir eng Investitioun vun 130 Milliounen Euro.
Do muss een sech awer bewosst sinn, datt esou en héijen Invest kuerzfristeg dann och manner Dividendë fir de Staat bedeit.
Ma deen heite Plang wier absolut noutwenneg fir d'Konkurrenzfäegkeet vum Land.



